|
Article on other languages:
|
De fiktive Filmpersonnage James Bond ass e sophistikéierte britesche Spioun, deen erfonnt gouf vum Ian Fleming an an deem senge Bicher vierkënnt (spéiderhinn och an de Bicher vun : Kingsley Amis, John Pearson, John Gardner, Raymond Benson an, zënter kuerzem, Charlie Higson). De Fleming huet säi Personnage nom amerikaneschen Ornitholog James Bond benannt an huet spéider der Fra vun deem Mann an engem Bréif geschriwwen : "[his] brief, unromantic, Anglo-Saxon, and yet very masculine name was just what I needed". De Bond huet de Codenumm "007", deen "double-oh seven" ausgeschwat gëtt. Den "double-oh" heescht datt hien d'licence to kill huet; et ass d'Autorisatioun op senge Missioune Leit emzebréngen. Vum James Bond gëtt et eng Serie vu Filmer, déi vun EON Productions gemaach si ginn, déi e grousse Succès kennt. D’Majoritéit vun deene Filmer gouf vum Albert R. Broccoli a vum Harry Saltzman gemaach. Spéiderhinn huet dem Broccoli seng Duechter, d'Barbara Broccoli an säi Stéifjong, de Michael G. Wilson, weidergefuer. D'Filmer goufe gréisstendeels vun United Artists oder MGM op de Marché bruecht. Et gëtt och eng Rei vu Videospiller déi op Filmer baséieren an e puer mat Original-Skripte mat dem Personnage. Den "James Bond" ass d'populär Kultur an an de populäre Langage intégréiert ginn, am engleschsproochege Raum soen d'Leit wann se eppes futuristesches wëlle beschreiwen: "right out of James Bond", "James Bond style security", asw. Déi vill a verschidden James Bond-Romaner a -Filmer hunn, mat de Joren, de Stil geäennert : vu realistesche Spionagedramaen op Science Fiction.
Wien ass den James Bond?Den zentrale Personnage, den James, ass de Jong vun engem schottesche Papp, dem Andrew Bond, an enger schwäizer Mamm, der Monique Delacroix, déi schonn allenzwee dout sinn, duerch Akzidenter beim Klammen an de Bierger, zu där Zäit wou d'Bicher spillen. Den James ass kuerz an d'Schoul gaangen op den Eton College, mee no enger Liebesbezéiung ass hien do erausgeworf ginn an dunn op de Fettes College a Schottland gaangen. An de Filmversioune vum Personnage, huet de Bond de Diplom an orientalesche Sprooche vun der Cambridge University, obwuel dat à l'encontre vun den Informatiounen an de Romaner geet an der Zeen am Film Tomorrow Never Dies geet wou de Bond et net fäerdeg bréngt e Computer mat chineseschem Clavier ze benotzen. De Bond kann also fléissend Russesch schwetzen. Hie behaapt am Film The World is Not Enough datt hien déi Sprooch zu Oxford geléiert huet, an et kann een hie an de verschiddene Filmer an enger gousser Unzuel vu Sprooche kommunikéieren. Hie war an der Royal Navy éiert hie bei de Secret Service gaangen ass an huet miliätaresche Rang vun engem Commander. Den John Gardner huet, a senge Bicher, de Bond promovéiere geloss an de Rang vun engem Captain, mee hie gouf no an no dégradéiert, ouni Erklärungen. An de Bicher genau wéi an de Filmer bestiit sech de Bond, mee seng Fra gëtt den Dag vum Bestiedniss vu sengem gréisste Feind embruecht, dem Ernst Stavro Blofeld; dee Fait huet ëmmer nach eng gewesse Resonanz, an de Bicher genau wéi an de Filmer. An de Romaner, ass seng eeler schottesch Haushälterin, d'May, déi net nëmmen an de ville Romane vum Fleming ëremkënnt, eng vun den eenzege Konstanten. Mee sie huet sech als genausou alterslos erausgestallt wéi si a verschiddene vun dem John Gardner senge Romaner opgedaucht ass. D'May ass och e vun deene wéinege Personnagen, déi ëmmer nees an de Bicher opdauchen, deen zwar am litteraresche Kanon vierkënnt, mee net an de Filmer ze gesinn ass. Dem Fleming säi Bond gouf 1924 gebuer, huet bei sengem Alter gelunn fir 1941 an der Royal Navy Volunteer Reserve kënne Member ze ginn, an ass um Enn vum Krich "Commander". De Motto vun der Bond-Famill "Orbis non sufficit" (Latäin fir "D'Welt ass net genuch"). James Bond Bichervum Ian Fleming (28. Mee 1908 – 12. August 1964)
vum Kingsley Amis (ënnert dem Numm "Robert Markham")vum John Gardner
vum Raymond BensonRomaner
KuerzgeschichtenOffiziell james bond filmerFilmer mam Sean Connery
Film mam George Lazenby
Filmer mam Roger Moore
Filmer mam Timothy Dalton
Filmer mam Pierce Brosnan
Filmer mam Daniel Craig
Inoffiziell james bond filmer
Film mat verschiddene Schauspiller als Bond
Film mam Sean Connery
Dem Bond seng Meedercher (Bond Girls)
D’Komponisten vun der Originalmusek aus de Bond-Filmer
More about James_Bond: james bond 007, art behind bond bond creative from james phenomenon process screen storyboard, james bond theme, james bond collection, james bond poster, james bond casino royale, james bond girl, james bond dvd, james bond film, |
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.